21/03/2026
COURAGÉIERT. RESPONSABEL. FIR LËTZEBUERG. 🇱🇺
Ënnert deem Motto stoung haut de Nationalkongress an der Däichhal zu Ettelbréck un deem mir als CSV Betzder gutt vertrueden waren.
Mir gratuléieren eisem Parteipresident sou wéi allen aneren Parteivertrieder déi all mat enger héijer Majoritéit gewielt goufen ✋.
13/03/2026
E Mëttwoch den Owend hate mer eis Generalversammlung zu Betzder an der aler Schéier.
Nieft dem Tätegkeets- an Keesebericht souwéi der Aktualitéit aus der Gemeng hu mer och eis langjäreg Member geéiert 🏆.
Eisen Inneminister Léon Gloden sou wéi eise Bezierkspresident an Deputéierte Ricardo Marques eis mat hire Rieden inspiréiert.
E grousse Merci 💐 och un eis Sekretärin, déi an de leschte Joeren eng super Aarbecht gemeet huet an eis all mat Rod an Dod zur Säit gestan huet.
26/02/2026
Mir freeën eis de Bezierkskongress Osten hei zu Rued-Sir am Syrkus hu kënnen ze begréissen 🤝. Ee flotten Owend, deen nieft der Wal vum Bezierkscomité Osten, vu richtungsweisenden an inspiréierende Riede geprägt war.
Gären felicitéiere 💐 mir dem Ricardo Marques dee mat 98% als Bezierkspresident Osten a senger Funktioun bestätegt gouf. An dësem neien a breet opgestallte Bezierkscomité ass d'Sektioun Betzder weiderhin mat 3 Member vertrueden.
08/01/2026
🥂CSV Neijoerschpatt 2026 hei zu Rued. Op vill nei Erausfuederungen an en erfollegräicht Joer.👍
25/12/2025
D‘CSV Betzder wënscht Iech an Äre Léifsten schéi Feierdeeg 🎄an alles Guddes fir 2026 ✨.