23/06/2026
Mir wënschen Iech all e schéine Nationalfeierdag 🎉💙
Lëtzebuerg steet fir Fräiheet, Demokratie, Solidaritéit, Respekt an en oppent Europa.
🇱🇺 Vive de Grand-Duc!
🇱🇺 Vive Lëtzebuerg!
🇪🇺 Vive Europa!
P.S. : D’Waasser net vergiessen 😉
10/06/2026
📍🚒 Geschter hunn eis Gemengeconseillèren, Christiane Streef a Myriam Feyder um Seminar „Lëtz Prepare: Ass meng Gemeng resilient?“ am CNIS deelgeholl. De Seminar gouf vun der Direction Générale de la Sécurité Civile organiséiert.
Am Mëttelpunkt stoung de Plan Local de Résilience (PLR) an d’Fro, wéi Gemengen sech besser op aussergewéinlech Situatiounen a Krisen virbereede kënnen - vum Risikomanagement iwwer d’Krisekommunikatioun bis hin zur Mobiliséierung vun de lokale Ressourcen.
Eng interessant Formatioun, déi gewisen huet, wéi wichteg et ass, d’Resilienz vun eiser Gemeng kontinuéierlech ze stäerken, fir d’Biergerinnen a Bierger och an usprochsvolle Situatiounen esou gutt wéi méiglech ze schützen.
Ministère des Affaires intérieures
08/06/2026
Réckbléck vum Weekend
🎨 E Freideg ware mir beim Vernissage vun der Ausstellung „Promenades“, wou d’Wierker vum Marc Wagner a Raphael Gindt presentéiert goufen. Dës sinn nach bis Ufank September an der Gemeng an am Hesper Park ze bewonneren.
🏀 E Samschdeg stoung d’Nuit du Sport um Programm. Vill Veräiner hunn de Visiteuren d’Méiglechkeet ginn, nei Sportaarten auszeprobéieren an aktiv matzemaachen. Eise Sportskommissiounspresident Misch Torres a Sportschäffen Claude Lamberty waren do ganz an hirem Element. 😉
🏸 E Sonndeg war och vill lass um Holleschbierg beim Fiederball Izeg, deen zwee flotte Tournoie organiséiert huet. 139 Kanner hunn do matgemaach, dorënner och vill Jonker vun "Hesper Bewegt sech". D’Christiane Streef war do mat vill Asaz dobäi an huet aktiv matgehollef.
🔵 Ofgeschloss gouf de Weekend mam groussen DP Kongress 2026 zu Bartreng, wou un déi vill Erausfuerderungen erënnert gouf, deenen eist Land, Europa an d’Welt aktuell géintiwwer stinn. Gläichzäiteg gouf ënnerstrach, datt d’Demokratesch Partei ëmmer nees gewisen huet, Verantwortung ze iwwerhuelen an esou dem Bierger zur Säit steet. Als Trésorière, huet eis Myriam Feyder och d'Konten wärend dem Kongress virgestalt.
(Traduction française dans les commentaires / English translation in the comments)
18/05/2026
Wat e gutt gefëllte Weekend hei zu Hesper!
E Freideg ware mir beim Vernissage vun der Ausstellung „Le verre dans tous ses éclats“ an dono beim éischte Concert vum Kultursummer am Hesper Park, wou de “Tribute to Nena” fir eng super Ambiance gesuergt huet 🎶
Och um Weekend war vill lass um Houwald mat der traditioneller Kiermes, begleet vun der Hesper Musek 🎺🎠
Merci un all d’Organisateuren a Benevollen, déi dës flott Momenter an eiser Gemeng méiglech maachen 💙
15/05/2026
An domat geet och dëst Joer eng flott Editioun vun eisem DP Grill- a Familljefest op en Enn – e grousse Merci u jiddereen, deen de Wee bei eis fonnt huet!
Och wann d’Wieder eis am Ufank e bëssen onsécher gemaach huet, ware mir um Enn dach zimlech glécklech, verschidde flott Momenter och dobaussen kënnen ze genéissen ☀️😊
Et war eng richteg Freed esou vill Famillen, Frënn a Sympathisanten zesummen ze gesinn an e gemittlechen Dag an enger flotter Ambiance ze verbréngen.
E ganz besonnesche Merci geet un all déi vill Hänn, déi beim Organiséieren, Opriichten, Grillen, Zerwéieren an Ofriichten gehollef hunn. Esou Evenementer funktionéieren nëmme mat enger staarker Equipe hannendrun 💪
Merci och un d’Jonk Demokraten Zentrum, déi eis gëschter a grousser Zuel ënnerstëtzt hunn 🙌
Mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun 💙
(version FR dans les commentaires / EN version in the comments)
14/05/2026
D’Hesper DP ass prett 💙 Kommt bis laanscht!
13/05/2026
Dat schlecht Wieder vu muer wäert eis net stoppen, mir sinn nämlech preparéiert 😎💙
13/05/2026
🇱🇺
D’Wieder wäert eis dëst Joer leider net grad verwinnen, mee eis DP Grill- a Familljefest fënnt natierlech trotzdem statt 😊
Fir eis un d’Wieder unzepassen, hu mir decidéiert d’Fest dëst Joer am Centre Nic Braun ze organiséieren.
D’Sprangschlass fällt zwar ewech, mee fir d’Kanner gëtt et trotzdeem Indoor-Spiller a Facepainting 🎨 Fir leckert Iessen an Gedrénks ass natierlech och gesuergt 😋
Och ouni Sonn freeë mir eis op e flotten a gemittlechen Dag zesumme mat iech 💙
Bréngt roueg Är Famill a Frënn mat.
Bis muer
-----------------------------------------------
🇫🇷
La météo ne sera malheureusement pas vraiment de notre côté cette année, mais notre DP Grill & Familljefest aura bien lieu 😊
Afin de nous adapter aux conditions météorologiques, nous avons décidé d’organiser la fête cette année au Centre Nic Braun, juste à côté de la commune.
Des jeux pour l’intérieur ainsi que le facepainting seront proposés aux enfants 🎨 Vous pourrez vous régaler avec différents plats et boissons bien sûr 😋
Même sans soleil, nous nous réjouissons de passer un moment convivial avec vous 💙
N’hésitez pas à venir accompagnés de votre famille et de vos amis.
À demain
-----------------------------------------------
🇬🇧
Unfortunately, the weather seems to not be on our side this year, but our DP Grill & Family Fest is of course still taking place 😊
To adapt to the weather conditions, we have decided to hold this year’s event at the Centre Nic Braun, next to the commune
While the bouncy castle has been cancelled, children will still be able to enjoy indoor games and facepainting 🎨 Delicious food and drinks will also be available 😋
Even without sunshine, we are looking forward to spending a lovely and convivial day together with you 💙
Feel free to bring along your family and friends.
See you tomorrow
10/05/2026
Mir ware beim flotte Concert vun der Harmonie Municipale Hesperange an der Jugendmusek am CELO derbäi. D’Thema „Fantastic Creatures“ mat Hexen, mystesche Figuren a fantasievollen Elementer huet fir eng magesch Atmosphär gesuergt. ✨🧙♀️🐉
Super Musek, eng immens flott Stëmmung an e wierklech gelongenen Owend. Bravo a Gratulatioun un all d’Musekerinnen a Museker vun Hesper fir dës flott Performance! 💙
09/05/2026
Schéi Momenter zesummen um Fréijoersfest vun der Hesper Fuesent 💙
Mir wënschen Iech all e flotten a ☀️ Weekend.
Vive l‘Europe 🇪🇺