CSV Niederanven

CSV Niederanven

Partager

Hutt dir Loscht eis Gemeng zesumme virun ze bréngen? / Would you like to move our commune forward? D'Facebook-Säit vun der CSV Nidderaanwen!

Photos from CSV Niederanven's post 18/06/2026

Gëscht ware mir mat eise léiwe Memberen, déi d'lescht Joer beim Grillfest gehollef hunn oder och als Ausdréier ënnerwee waren, als klenge Merci gemeinsam iessen.🥗🥂
Merci all deenen, déi et eis ëmmer rëm erméigleche fir eis Matbiergerinnen a Matbierger eist Grillfest op d'Been ze stellen an och allgemeng eng Hand mat upaken.🙏🏼
An och dëst Joer ass et geschwënn nees sou wäit: Grillfest - 28. Juni!📅

14/06/2026

CSV Nidderaanwen wënscht all de Mammen e schéine Mammendag!🫶🏼

13/05/2026

Och wann d'Gemengewale scho bal 3 Joer zeréckleien, sou hält eist deemolegt Kandidaten-Team och haut nach zesummen an huet weiderhi vill Freed dru gemeinsam Zäit ze verbréngen an eppes z'ënnerhuelen. Sou wéi gëschter Owend, wou vill et zäitlech konnten arrangéiere fir zesummen iessen ze goen, wou vill gelaacht a gezielt gouf a mir flott Stonne verbruecht hunn! 💪🏼

09/05/2026

Mir wënschen Iech haut um 9. Mee e schéinen Europadag! 🇪🇺

01/05/2026

Mir wënschen Iech all e schéinen 1. Mee! ☀️

05/04/2026

D'CSV Nidderaanwen wënscht Iech all SCHÉIN OUSCHTEREN! 🐣

Photos from CSV Niederanven's post 24/03/2026

Hei e puer Andréck vun eiser Generalversammlung gëschter Owend am A Schommesch zu Ueweraanwen.
Villmools Merci deene ronn 60 Memberen, neie Gesiichter a Frënn déi dobäi waren an e grousse Merci un eise Finanzminister Gilles Roth fir säi Besuch a säin interessante Virtrag zur Steierreform.👏🏼
E schéinen Owend un deem och eis laangjäreg Membere geéiert goufen.🎊 Bei engem gudde Patt & Maufel an interessante Gespréicher hu mir d'Generalversammlung ausklénge gelooss.🌭🥂🍪

16/03/2026

🇱🇺 Jiddereen ass häerzlech Wëllkomm!
🇬🇧 Everyone is very welcome!

Photos from CSV Niederanven's post 11/03/2026

Gëschter Nomëtten hate mir d'CSV Senioren bei eis am "A Schommesch" fir hire Kongress. Zu Gaascht waren och eis Ministesch fir Gesondheet & sozial Sécherheet Martine Deprez, wéi och eise Premierminister Luc Frieden.
Mir si frou konnten eng Hand mat unzepaken an hunn eisen CSV Senioren als Sektioun den Éierewäin offréiert!🥂
(Fotoen: Claude Kaufmann) 📸

06/03/2026

Gëscht ware mir um Bezierkskongress op der Schéiss, wou d'CSV Zentrum en neie President & Comité gewielt huet.🗳
Mir gratuléieren de Gewielten a wënschen hinne vill Succès an eng glécklech Hand an hirer neier Roll.
Doriwwer eraus freeë mir eis, dass zwee Membere vun eis, d'Marthe Scharfe an Alex Koob, an de Bezierkscomité gewielt goufen. Gratulatioun!👏
Des weidere si mir mam Rose & Marthe Scharfe och am Comité vum CSF Zentrum vertrueden.🎉

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg