24/06/2026
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen,
Sicht:
>> En diploméierten Infirmiere (w/m/x) - Wunnstruktur Haus Näidsen
fir een CDI, 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
https://app.skeeled.com/s/gCRTv2cb
18/06/2026
Nei an eiser Théik: mat Léift gemaach, vun eis fir Iech !
Hannert all Produit sinn Hänn, déi mat Suergfalt schaffen. An eiser eegener Metzlerei preparéiert eis Ekipp all Dag frësch Spezialitéiten – mat vill Handwierk, Gedold a Freed un der Aarbecht. 💪
🆕 Ab elo am Buttek zu Betten: eis Kanéngchen-Burger an Kanéngchen-Wäinzoossissen 🍔🌿
Vun der Preparatioun bis an d’Théik gëtt alles bei eis am Haus gemaach – vun eise Mataarbechter, déi mat hirem Kënnen a vill Engagement hannendru stinn.
E Produit mat Geschmaach.
Mee virun allem: e Produit mat enger Geschicht. ❤️
👀 Dofir invitéiere mir Iech haut a muer bei eis an de Buttek op Betten fir eis nei Spezialitéiten ze entdecken an ze schmaachen. 😋
Kommt laanscht, léiert eis Produiten kennen an iwwerzeegt Iech selwer vum Handwierk hannendrun.
🎉 Fir de Lancement vun eisen neie Spezialitéiten profitéiert Dir zousätzlech vun -20% op ganz Kanéngchen an eis Kanéngchen-Découpen (z.B. Dos, Cuisse oder Épaule de lapin).
Mir freeën eis op Äre Besuch! ✨
17/06/2026
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen,
sicht:
>> Een diploméierten Erzéier (w/m/x)
Nidderkuerer Haus - fir 30 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit – fir ab den 01.09.2026
https://app.skeeled.com/s/CHv2OO8Q
>> Een diploméierten Erzéier (w/m/x)
Uewerkuerer Haus- fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit – fir ab den 01.08.2026
https://app.skeeled.com/s/kLrB7QCy
fir e Bléck an den Alldag an eist Liewen an de Wunnstrukture vun der APEMH ze werfen: https://youtu.be/7ROcmDenIe8?si=JSU_MOpvVChDVCvK
11/06/2026
De Startschoss ass gefall… och bei eis! ⚽🌎
Zäitgläich mam Optakt vun der Weltmeeschterschaft lancéiere mir eis ganz eege Spezialitéit. ✨
An eiser Kichen ass an de leschte Woche mat vill Kreativitéit, Suergfalt a Freed un engem neie Produit geschafft ginn: eis Weltmeeschterschafts-Gebeesser. 🥄🏆
3 Länner, 3 Inspiratiounen – an eng Iddi, déi bei eis an der Kichen entstanen ass.👨🍳
Eis Ekipp huet fir d’WM dräi nei Gebeess-Kreatioune preparéiert:
🇺🇸 USA – Äppeltaart 🥧
🇨🇦 Kanada – Molbier & Ahornsirop 🍁
🇲🇽 Mexiko – Mango & Chili 🌶️
Vum Kachen, Ofschmaachen, Afëlle bis bei de leschte Label gëtt alles hei bei eis preparéiert. Eis 3 Weltmeeschterschafts-Gebeesser kritt Dir zesummen am exklusive Package – perfekt fir d’Matcher, fir ze verschenken oder einfach fir nei Goûten ze entdecken.
📍 Ab elo verfügbar an eisem Buttek zu Betten an och am Lampecher Buttek.
D’WM kann ufänken – mir si prett! ⚽🏆
09/06/2026
🌸 Iwwerrascht är Mamm mat engem flotte Blummebouquet oder engem léiwe Blummenarrangement, dat mat vill Léift zesummegestallt gëtt. 💐💕
Mir stellen och ganz gär eppes no äre Wënsch a Virstellungen zesummen. Sot eis einfach wat dir iech virstellt, a mir preparéieren eppes Passendes fir iech. 🌷✨
📞 Bestellunge kënnt dir bis en Donneschden eraginn:
+352 37 91 91-215
📍 Bestellung ofhuelen:
10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess