23/06/2026
D'Equipe vum CIS Béiwen/Atert, gëschter Owend bei de Feierlechkeeten zum National-Feierdaag
Centre d'incendie et de secours
23/06/2026
D'Equipe vum CIS Béiwen/Atert, gëschter Owend bei de Feierlechkeeten zum National-Feierdaag
23/06/2026
22/06/2026
De CIS Béiwen & CIS Tënten um Virowend zum nationale Feierdaag zu Brouch.
21/06/2026
21/06/2026
Fir déi nächst Deeg erwaarden mir, héich Temperaturen. Dëst "schéint" Wieder brëngt awer och Gefohren fir ons Gesondheet mat sech, besonnech fir déi méi vulnérabel ënnert ons (besonnech betraff déi ganz jonk, eeler an krank Läit). Duerfir passt op iech, an d'Läit aus aerem Entourage, op.
Mir als CGDIS, renforcéiëren op en Maximum ons Permanencen an wënschen iech alleguerten en schéinen nationalen Feierdaag.
20/06/2026
++ Eis Delegatioun fir Šumperk 2026 ++
An 22 Deeg ass et esou wäit: Eis zwou Lëtzebuerger Ekippe maachen sech op de Wee op Šumperk an Tschechien, wou si un der 25. Internationaler Jugendpompjeeëbegéinung a Jugend-Weltmeeschterschaft an de klasseschen CTIF-Disziplinen deelhuelen.
An de nächsten Deeg wäerte mir Iech eis 20 Jugendlech perséinlech virstellen. Natierlech dierfen och d’Betreier an d’Bewerter net feelen, déi d’Ekippen op dëser spannender Aventure begleeden.
D’Jugendlecher kommen aus den Ekippen Süden an Zentrum. Vertrueden sinn Jonker aus de CISe Béiwen-Attert, Beetebuerg, Diddeleng, Lëntgen/Luerenzweiler, Monnerech/Reckeng, Péiteng, Réiser, Sadiff an Tënten.
Hannert de ville Trainingsstonnen, den Trainingsweekender an der Virbereedung stinn engagéiert Jugendlecher, Betreier a Bewerter, déi sech schonn zënter Méint op dësen internationale Rendez-vous virbereeden.
Mir freeën eis, Iech an de kommende Wochen all Member vun eiser Delegatioun méi no virzestellen an Iech esou e Bléck hannert d’Kulisse vun dëser besonnescher Aventure ze ginn.
🇱🇺🚒 Vill Gléck un eis ganz Delegatioun!
🇨🇿
14/06/2026
[Mammendag]
🇱🇺
Haut ass Mammendag an dofir wëlle mir alle Mammen aus dem Rettungsdéngscht, egal ob fräiwëlleg oder haaptberufflech Pompjeeën oder aus dem administrativ/technesche Beräich, e grousse Merci fir hiren Engagement soen an hinnen e schéine Mammendag wënschen.
🇫🇷
Aujourd’hui, c’est la fête des mères. Pour cela nous souhaitons remercier toutes les mamans des services de secours, qu’elles soient pompiers volontaires ou professionnels, ou encore fassent partie du personnel administratif/technique, pour leur engagement, et leur souhaitons une belle fête des mères.
01/05/2026
Haut bei schéinstem Wierder hun mir de Moiën am Besch verbruegt an duerno beim Grill de Feierdaag genoss
28/03/2026
[Il est l’heure (d'été) de contrôler vos détecteurs de fumée]
🇱🇺 E Sonndeg um 2 Auer an der Nuecht gëtt d'Auer eng Stonn no vir geréckelt.
Ze verhalen - Wann d'Auer ëmgestallt gëtt, kontrolléieren ech meng Batterien am Dampmelder.
Dampmelder rette liewen
Weider Informatiounen op www.rauchmelder.lu
🇫🇷 Le dimanche à 2 heures du matin, nous avançons l'horloge d'une heure.
A retenir - Quand l'heure est changée, je contrôle les piles du détecteur de fumée.
Les détecteurs de fumée sauvent des vies
Plus d'informations sur www.rauchmelder.lu