20/06/2026
🌿 Rallye: „En Dag mam Fierschter an der Natur“ am Groussebësch 🌳
Iwwer 500 Kanner aus dem Cycle 4.1, verdeelt op ronn 10 Klasse pro Dag, hunn de Bësch am Kader vum pädagogesche Rallye, dee scho méi wéi 20 Joer am Arrondissement Est vun der Naturverwaltung organiséiert gëtt, op eng spilleresch a praktesch Aart entdeckt.
Zesumme mat Fierschter*innen, Bëschaarbeschter, Ingenieur*innen a Fierschterstagiair*innen stoung follgend Thema am Mëttelpunkt: observéieren, verstoen an d’Natur bewosst erliewen.
🌱 Dës Approche erméiglecht et, scho fréi eng Verbindung mat der Natur opzebauen an e Verständnis fir den Ëmgang mat eisen natierleche Liewensraim ze schafen.
-
🇫🇷 Plus de 500 enfants du Cycle 4.1, répartis sur environ 10 classes par jour, ont découvert la forêt de manière ludique et concrète dans le cadre du rallye pédagogique, organisé depuis plus de 20 ans par l’arrondissement EST de l'Administration de la Nature et des Forêts.
Accompagnés par des préposé·e forestiers, salariés forestiers, ingénieur·es et stagiaires forestiers, les activités se sont concentrées sur un objectif central : observer, apprendre à connaître et comprendre la nature à travers l'expérience.
🌱 Cette approche permet de créer dès le plus jeune âge un lien avec la nature et de développer une meilleure compréhension de la gestion de nos milieux naturels.
19/06/2026
🌳Arbres remarquables, eise liewege Patrimoine🌳
Am ganze Land fanne mir Beem, déi duerch hiren Alter, hir Form, hir Geschicht oder hiren ekologesche Wäert erausstiechen. Si sinn Orientéierungspunkten, Liewensraim, Zäitzeien a visuell markant Elementer an eise Landschaften.
👉Méi Informatiounen an Erklärunge, wat e bemierkenswäerte Bam ass, fannt dir an eise Slides hei drënner.
ℹ️ Och Dir kënnt dozou bäidroen, datt nach méi esou Beem geschützt ginn. Weider Detailer dozou fannt Dir op www.arbresremarquables.lu
-
🌳Arbres remarquables, notre patrimoine vivant🌳
Partout dans le pays, on trouve des arbres qui se distinguent par leur âge, leur forme, leur histoire ou leur valeur écologique. Ce sont des repères, des habitats, des témoins et des éléments marquants dans nos paysages.
👉Dans notre post d'aujourd'hui, nous vous expliquons les différents types et critères d'arbres remarquables.
ℹ️ Contribuez vous aussi à ce que plus d'arbres soient protégés. Tous les détails sur www.arbresremarquables.lu
-
Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité
14/06/2026
🎙️ Interview mam Responsabel vum Naturschutzzenter Mirador zu Stengefort 🌷
An eisen Naturschutzzenteren steet d'Sensibiliséierung op d'Themen ronderëm d'Natur am Fokus - esou och am Naturschutzzenter Mirador zu Stengefort ënnert dem Motto "Eng aner Vue op d'Natur".
Am Interview mam Radio 100,7 erkläert de Gilles Wagener, Responsabel vum Naturschutzzenter Mirador, wéi dat konkret ausgesäit.
Klick hei 👇 fir méi gewuer ze ginn:
https://gd.lu/4HCZ6J
13/06/2026
👀 Mir sichen dech! Chargé*e d’études - Data Analyst🔎
Hues du Kompetenzen an de Beräicher:
• Data Mining, Data Analytics
• KI a Business Intelligence
• Visualiséierung vu komplexen Donnéeën
• Project Management
👉 An hues du Loscht, aus Donnéeë konkret Erkenntnisser ze zéien an Décisiounsprozesser bannent der Naturverwaltung z'ënnerstëtzen?
Als Chargé(e) d’études - Data Analyst schaffs du dorunner, Donnéeën ze sammelen, ze analyséieren an ze strukturéieren, fir konkret Resultater ze generéieren. Dobäi bass du eng wichteg Schnëttstell tëschent Informatik a Kartographie.
ℹ️ Mell dech bei eis a gëff Deel vun eiser Ekipp: https://gd.lu/2C1ct5
📌 Deadline: 19.06.2026
🇫🇷 As-tu des compétences en :
· Data mining et data analytics
· intelligence artificielle et business intelligence
· visualisation de données complexes
· gestion de projets
👉 Et as-tu envie de transformer des données en informations concrètes et de soutenir ainsi la prise de décision au sein de l’Administration de la nature et des forêts?
En tant que Chargé(e) d’études – Data Analyst, tu procèdes à la collecte, à l'analyse et à la structuration de données, afin de produire des résultats concrets pour l’Administration. Tu es également un point de contact important entre l’informatique et la cartographie.
ℹ️ Rejoins-nous et fais partie de notre équipe: https://gd.lu/2C1ct5
📌 Date limite: 19.06.2026
12/06/2026
🌿 Wéi gëtt een iwwerhaapt Fierschter*in?
Fir eis neiste Promotioun vu Fierschterstagiairen huet, no hirem Welcome Day, d’Ausbildung offiziell ugefangen.
📍 Aktuell si si op verschidde Revéier verdeelt, wou si vun hirem jeeweilege Patron de stage encadréiert an schrëttweis an hir verschidden Aufgaben agefouert ginn.
📍Zousätzlech besichen si all Mount wärend enger Woch d’Forstschoul, déi aus engem speziell fir si zesummegestallte Programm besteet.
👉 Am Ganzen dauert de Stage zwee Joer. Wärend dëser Zäit léieren si an der Forstschoul d’Grondlage vum Beruff vum Fieschter a sammelen zesumme mat hirem Patron de Stage déi éischt Erfarungen um Terrain.
-
🇫🇷Comment devient-on préposé·e de la nature et des forêts?
Pour notre nouvelle promotion de stagiaires, la formation a officiellement débuté après leur Welcome Day.
📍 Actuellement, les stagiaires sont répartis sur différents triages, où ils sont encadrés par leur patron de stage respectif et initiés progressivement à leurs différentes tâches.
📍 De plus, ils suivent pendant une semaine de chaque mois un programme spécialement conçu pour eux à l'école forestière.
👉 Au total, la formation dure deux ans. Pendant cette période, les stagiaires acquièrent les bases du métier du préposé de la nature et des forêts à l'école forestière et, accompagnés de leur patron de stage, gagnent de l'expérience pratique sur le terrain.
10/06/2026
🌱 Journée de rencontre: Austausch tëscht dem Lycée technique agricole an der Naturverwaltung um Niderbierg 🌱
E Méinden hu mir zesumme mat Enseignanten a Schüler vum Lycée Technique Agricole um Niderbierg eng konstruktiv Journée d'échange verbruecht. Am Mëttelpunkt stoung den Austausch vu Fachwëssen a prakteschen Erfarungen unhand vu konkrete Beispiller um Terrain.
Um Programm woren dräi Statiounen:
🔸 Bëschverjéngung op Fräiflächen
🔸 Klumpenplanzung mat Eenzelschutz
🔸 Digitaliséierung als Hëllefsmëttel bei der Bëschverjéngung
🌿 Esou Initiativen erméiglechen et, nei Synergien tëschent verschiddenen Experten an Acteuren an de Beräicher Forstwirtschaft an Natur an de Schüler z'entwéckelen.
🤝 Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht Technique Agricole a bis d'nächst Joer!
-
🇫🇷 Ce lundi, nous avons passé une journée enrichissante en compagnie des enseignants et des élèves du Lycée Technique Agricole au Niderbierg. Sur place, il s'agissait d'échanger des connaissances théoriques et des expériences pratiques à travers des exemples concrets sur le terrain.
Le programme comprenait trois ateliers :
🔸 Reboisement en clairière
🔸 Plantation en groupes avec protection individuelle
🔸 Digitalisation dans le cadre de la gestion forestière
🌿 De telles initiatives permettent de développer de nouvelles synergies entre divers experts et acteurs du secteur forestier et de la nature, ainsi qu’avec les élèves.
🤝 Merci pour la bonne coopération, Lycée Technique Agricole, et à l’année prochaine!
09/06/2026
10 Joer Biodiversum – Merci! 🎉
Vill Leit hunn hire Wee an de Biodiversum op Remerschen fonnt, fir mat eis zesummen den 10. Gebuertsdag vum Naturschutzzenter ze feieren.
Mir soen iech all Merci fir ären Intressi a freeën eis drop, iech och an Zukunft am Biodiversum begréissen ze kënnen.🤩
Loscht op méi ? Hei fannt dir de Programm mat all den Aktivitéiten, déi d’Naturverwaltung an den Naturschutzzenteren ubitt:
https://gd.lu/31r8M6
-
🇫🇷 Vous étiez nombreux à nous visiter au Biodiversum pour célébrer avec nous le 10e anniversaire du Centre nature et forêt Biodiversum.
Merci pour l’intérêt ! Nous nous réjouissons de pouvoir également vous accueillir à l’avenir au Biodiversum.🤩
Envie de découvrir davantage ? Retrouvez ici le programme avec toutes les activités grand public de nos Centres nature et forêt :
https://gd.lu/31r8M6
-
🤝 natur&ëmwelt
05/06/2026
🥳 10 Joer Biodiversum
A Presenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes, dem President vun natur & ëmwelt Roby Biwer an dem Direkter vun der Naturverwaltung Michel Leytem huet den Naturschutzzenter Biodiversum zu Remerschen haut säin 10. Gebuertsdag gefeiert.
Op dëser Plaz gëtt zanter engem Joerzéngt Sensibiliséierung gelieft, fir dem Public Naturschutz méi no ze bréngen :
🌱 Méi wéi 20.000 Visiteuren all Joer
🌱 Ofwiesslungsräiche Programm fir Schoulen, Zesummenaarbecht mat lokalen Acteuren, Ausstellungen an Aktivitéite fir de Public
🐦 Fokus op Theme wéi d‘Protektioun vu Villercher, d‘Aartevillfalt an déi historesch a geologesch Evolutioun vun der Géigend
🤝 An enker Zesummenaarbecht mat natur&ëmwelt
ℹ️ Wousst dir schonn?
Fir dësen Anniversaire mat iech zesummen ze feieren, ass dëse Weekend e flotte Programm fir jidderee virgesinn, mat Aktivitéite fir Grouss a Kleng. All d'Informatiounen dozou fannt dir an eisem Event hei op Facebook!