16/06/2026
🇱🇺 Bracelet fonnt ginn
Dëse Bracelet ass an der Grand-rue zu Äischen fonnt ginn. Hie kann am Guichet vun der Gemeng zu Äischen ofgeholl ginn.
🇫🇷 Bracelet trouvé
Ce bracelet a été trouvé dans la Grand-rue à Eischen. Il peut être récupéré au guichet communal à Eischen.
16/06/2026
🇱🇺 Coupe scolaire 2026 zu Äischen ⚠
D'Coupe Scolaire Circulation 🚲 vun de Schoulkanner aus der Schoul vun Äischen ass e Mëttwoch, 17. Juni 2026 vun 8.00 Auer bis 12.00 Auer an de Stroosse vun Äischen.
D'Chauffeure si gebiede besonnesch gutt opzepassen.
🇫🇷 Coupe scolaire 2026 à Eischen ⚠
La Coupe Scolaire Circulation 🚲 des élèves de l'école Eischen aura lieu le mercredi, 17 juin 2026 à partir de 8.00h jusqu’à 12.00h à Eischen.
Les conducteurs sont priés de faire particulièrement attention.
16/06/2026
🇱🇺 Réckbléck op den "Do SIMMER am WEEKEND" 🌴
Andréck vum "Do SIMMER am WEEKEND" organiséiert vun der Gemeng Habscht an hierer Jugend-, Sport- a Gesondheetskommissioun an Zesummenaarbecht mam Jugendhaus Äischen, dem Memorial Club Simmer, de Pompjeeën Greisch-Roodt-Simmer an der Simmer Duerfmusek.
🇫🇷 Rétrospective "Do SIMMER am WEEKEND" 🌴
Impressions du "Do SIMMER am WEEKEND" organisé par la Commune de Habscht et la Commission de la Jeunesse, du Sport et de la Santé en collaboration avec la maison des jeunes Eischen, le Memorial Club Simmer, l’amicale “Pompjeeën Greisch-Roodt-Simmer et la Simmer Duerfmusek.
15/06/2026
🇱🇺 Genéiss d’Sonn, crème dech an! 😎
Pünktlech fir dat schéint Wieder huet d’Gemeng Habscht iwwert de Summer🌞rëm op verschiddene Plaze Sonnecrème-Statiounen opgeriicht. Déi gratis Sonnecrèmespender enthalen ee Sonneschutzmëttel🧴mat engem Sonneschutzfaktor SPF 30 😎. Déi Spender stinn zu Äischen (Spillplaz, Place Denn, Beachvolleyball-Terrain, Schoul “Vir Wëller”), zu Habscht (Spillplaz, Precoce), zu Simmer (Schoul, Petanque-Pist), zu Gräisch (Spillplaz) an zu Rued (Spillplaz).
🇫🇷 Profite du soleil, mets-toi de la crème solaire! 😎
Juste à temps pour profiter du beau temps, la commune de Habscht a de nouveau installé des points de distribution de crème solaire à divers endroits pour la saison estivale 🌞. Le distributeur fonctionne d’une façon gratuite et contient une crème solaire🧴avec un indice de protection solaire SPF 30. On trouve les distributeurs à Eischen (aire de jeux, Place Denn, terrain de volleyball de plage, école “Vir Wëller”), à Hobscheid (aire de jeux, Précoce), à Septfontaines (école, piste pétanque), à Greisch (aire de jeux) et à Roodt (aire de jeux).
15/06/2026
Late Night Bus - 22.06.2026 🚌
14/06/2026
🇱🇺 D'Gemeng Habscht wënscht all de Mammen ee schéine Mammendag!
🇫🇷 La commune de Habscht souhaite à toutes les mères une bonne fête des mères!
10/06/2026
🇱🇺 Dëse 9. Juni sinn déi éischt Bewunner an den neie C**A HPPA zu Äischen agezunn .. 🏡
Mir wënschen hinnen all Guddes an hirem neien Doheem. 🍀
🇫🇷 Ce 9 juin, les premiers résidents ont emménagé dans le nouveau C**A HPPA à Eischen. 🏡
Nous leur souhaitons tout le meilleur dans leur nouveau foyer. 🍀
🎉🎉Endlech ass et esou wäit – HPPA Eischen begréisst seng éischt Bewunner! 🏡
Gëschter sinn déi éischt Bewunner an hiert neit Doheem zu Eischen agezunn. D'Direktiounsekipp, d'Mataarbechter an de Schäfferot vun Habscht hunn si an hir Familljen häerzlech begréisst.
E ganz besonnesche Moment, deen den Ufank vun engem neie Kapitel markéiert.
E grousse Merci un déi ganz Ekipp fir hiren Engagement an hiren Asaz. Mir wënschen hinne vill Freed an eise Bewunner vill schéi Momenter, an hirem neien Doheem. 💙
https://hppa.lu/eischen
********
🎉🎉Enfin, le moment est arrivé – HPPA Eischen accueille ses premiers résidents !🏡
Hier, les premiers résidents ont emménagé dans leur nouveau chez-soi à Eischen. Ils ont été chaleureusement accueillis, aux côtés de leurs familles, par l’équipe de direction, les collaborateurs et le collège des bourgmestre et échevins de Habscht.
Un moment particulièrement émouvant, qui marque le début d’un nouveau chapitre.
Un grand merci à l’ensemble des équipes pour leur engagement et leur précieux travail tout au long de ce projet. Nous leur souhaitons beaucoup de satisfaction dans cette nouvelle étape et à nos résidents de nombreux beaux moments dans leur nouveau chez-soi. 💙🏡
https://hppa.lu/eischen
10/06/2026
🇱🇺 Ofleede vum Uewerflächewaasser 💧
Hannert der Cité Bettenwiss zu Äischen gëtt e Réckhaltebecken ugeluecht fir d’Uewerflächewaasser vun de Felder opzefänken an ofzeleeden. Bäi Staarkreen bestoung bis elo d’Gefor, dass Waasser mat Buedem op d’Terraine vun der Cité Bettenwiss gelaf ass. Dës Mesure ergänzt den Drainagesystem den 2023 vun der Gemeng nei installéiert gouf.
🇫🇷 Évacuation des eaux de surface 💧
En amont de la Cité Bettenwiss à Eischen, un bassin de rétention est aménagé afin de collecter et d'évacuer les eaux de surface des champs. Lors de pluies torrentielles dont la cadence a récemment augmentée, les eaux ainsi que de la terre se déversaient régulièrement sur les terrains de la Cité Bettenwiss. Cette mesure vient compléter le système de drainage installé par la commune en 2023.
09/06/2026
🇱🇺 Habschter Kiosk a fréier Keessenhaisercher vum Fussball beim C**A/HPPA zu Äischen
De Kiosk, deen deemools vu lokale Veräiner gebaut ginn ass, stoung vun 1921 un am Zentrum vun der Uertschaft an huet als Treffpunkt gedéngt. Op dësem Kiosk goufen ënner anerem och Concerte vun der Harmonie Habscht gespillt.
Wéinst Stroossenaarbechten huet de Kiosk 1970 missen ofgerappt ginn. E groussen Deel vun de Stécker konnt awer erhale bleiwen an zu Äischen beim HPPA rëm opgeriicht ginn.
Gläichzäiteg konnten déi renovéiert Keessenhaisercher vum fréieren Äischener Fussballveräin presentéiert ginn.
Zwou Informatiounsplacke goufen ubruecht fir d’Geschicht vum Fussballsterrain a vum Kiosk ze erläuteren.
Als Ofschloss huet d’Gemeng Habscht e Patt a Schnittercher offréiert, déi vum HPPA preparéiert goufen.
Merci der Äischener, Habschter a Simmer Musek déi um Kiosk no iwwer 50 Joer déi 1. Noute gespillt hunn.
🇫🇷 Kiosque de Hobscheid et anciennes billetteries du terrain de football près du C**A/HPPA à Eischen
Construit à l’époque par des associations locales, le kiosque se dressait au centre du village de Hobscheid depuis 1921 et servait de lieu de rencontre. C’est notamment là que se déroulaient les concerts de l’Harmonie Habscht.
En raison de travaux routiers, le kiosque a dû être démoli en 1970. Cependant, une grande partie de la structure a été préservée et a pu être réinstallée à Eischen près du HPPA.
Pour la même occasion, les billetteries rénovées de l’ancien club de football d’Eischen ont été officiellement présentées.
Deux plaques d’information ont été installées pour retracer l’histoire du terrain de football et du kiosque.
Pour conclure, la Commune de Habscht a offert des boissons et amuse-bouche, préparés par le HPPA.
Merci aux musiques d’Eischen, de Hobscheid et de Septfontaines qui ont joué les premières notes au kiosque après plus de 50 ans.