18/06/2026
✨ Remise des Médailles ✨
E Méinden, de 15. Juni, huet zu Käerjeng d’Remise des Médailles 2026 stattfonnt. 🏅
Dëst Joer goufen zwee Membere vum CIS Angelduerf ausgezeechent:
🥉 De Grég krut d’Médaille en Bronze fir 10 Joer aktiven Déngscht.
🥈 D’Anne gouf mat der Médaille en Argent fir 15 Joer aktiven Déngscht ausgezeechent.
Mir gratuléieren dem Grég an dem Anne ganz häerzlech a soe Merci fir hiert laangjäregt Engagement am Déngscht vun eise Biergerinnen a Bierger 💪
Mir wënschen hinnen och weiderhi vill flott, beräicherend a erfollegräich Joren am CGDIS!🚒
Merci fir ären alldeeglechen Asaz an Engagment! 👏
15/06/2026
✨️ Brand zu Lëlz den 06. Juni 2026✨️
Och den CIS Angelduerf gouf an enger spéiderer Phas op dëse Brand zu Lëlz alarméiert. Dëst an aller Fréi, géint 2:00 Auer, fir eng Brandwaach ze assuréieren an zesumme mat anere Sectiounen dofir ze suergen, datt d'Feier net nees oplodert an sech weider ausbreet.
Géint 8:15 Auer moies ass et fir eis Ekipp dunn nees zréck op Angelduerf gangen. Wou eis Memberen dunn hiere wuelverdingten Schlof konnte nohuelen.
Mir soen hinne Mercii fir hieren Asaz déi Nuecht💪
04/06/2026
✨ ÉISCHT-HËLLEF-COURSEN / COURS DE PREMIERS SECOURS zu Angelduerf ✨
📍 Fir Privatpersounen, Mataarbechter aus dem HORECA-Secteur, der Vente, dem Coiffeursberäich an all interesséiert Persounen
📍 Pour les particuliers, les professionnels de l’HORECA, de la vente, de la coiffure et toute personne intéressée
🇱🇺 Lëtzebuergesch 🇱🇺
An de kommende Méint ginn am CIS Angelduerf véier Éischt-Hëllef-Coursen ofgehalen.
📅 Cours op Lëtzebuergesch 🇱🇺
• 12.07.2026 + 19.07.2026 (2 Sonndeger) https://cours.cgdis.lu/page/module/3815/FRE/index.html?cache=no
📅 Coursen op Franséisch 🇫🇷
• 13.07.2026 + 20.07.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3816/FRE/index.html?cache=no)
• 17.08.2026 + 24.08.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3818/FRE/index.html?cache=no)
• 28.09.2026 + 05.10.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3819/FRE/index.html?cache=no)
Déi franséisch Coursen fannen all Kéiers Méindes statt a si besonnesch praktesch fir Persounen aus dem HORECA-Secteur, dem Coiffeursberäich an/oder der Vente. Natierlech ass awer jiddereen häerzlech wëllkomm!
━━━━━━━━━━━━━━━━━━
🇫🇷 Français 🇫🇷
Au cours des prochains mois, quatre cours de premiers secours seront organisés au CIS Ingeldorf.
📅 Cours en luxembourgeois 🇱🇺
12.07.2026 + 19.07.2026 (2 dimanches) https://cours.cgdis.lu/page/module/3815/FRE/index.html?cache=no
📅 Cours en français 🇫🇷
• 13.07.2026 + 20.07.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3816/FRE/index.html?cache=no)
• 17.08.2026 + 24.08.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3818/FRE/index.html?cache=no)
• 28.09.2026 + 05.10.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3819/FRE/index.html?cache=no)
Les cours en français auront lieu les lundis et ont été organisés dans l’objectif de toucher les personnes travaillant dans le secteur HORECA, la coiffure et/ou la vente. Bien entendu, toute personne intéressée est la bienvenue.
❤️ Aider à sauver des vies !
1SEC-CGDIS/LU
Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil é...
01/06/2026
✨️ Marche Internationale zu Dikrech ✨️
De Weekend war d’Marche Internationale zu Dikrech. 6 Memberen aus dem CIS Angelduerf waren um Start. D'Mina, d'Chiara an de Sven souwuel wei den Tom an d'Lis - mam Lia👶 a Lou🐶 - hunn op béiden Deeg jee 20 km zeréckgeluecht, während de J***y e Samschdeg déi 40 km getrëppelt ass 🥾☀️🌳
Dobäi hunn verschiddener och eis nei Sportstrikoten gedroen an domat eise CIS no baussen hin exzellent representéiert🎽
Top Leeschtung vu jidderengem! 💪
02/05/2026
✨️ Éischte Mee ✨️
Nodeems mir en Donnerschden Owend mat der Hexenuecht an de verlängerte Weekend gestart hunn, ass et gëschter viru gaangen mat der Éischt Meefeier🌿
Mir soen der Amicale Pompjeeën Ettelbréck villmools mercii fir dee flotte Weekend🥰
30/04/2026
Dëst Joer starte mir eise verlängerte Weekend vum 1. Mee zesumme mat der Amicale Pompjeeën Ettelbréck🥳
Haut den Owend steet déi traditionell Hexenuecht um Programm🧙♀️🧹
21/04/2026
✨️Angelduerfer Kiermes✨️
Den 12. Abrëll war zu Angelduerf Kiermessonnden. Wéi all Joer ass den Dag um 9:30 Auer mat der Kiermesmass gestart, direkt gefollegt vun der Seenung vun de Gefierer⛪️🚜
Ab 11:00 Auer goufen d’Gäscht op en Apéritif invitéiert, mat uschléissend Gegrills am Pompjeesbau🍹🌭
Mir soen all deenen, déi dobäi waren, e grousse Merci!
16/04/2026
✨️ Diplomiwwerreechung um Belval ✨️
De 26. Mäerz huet um Belval déi järlech Diplomiwwerreechung vum CGDIS stattfonnt, bei där och véier Membere vum CIS Angelduerf vertruede waren.
D’Mina krut deen Owend säi FIS II (Formation Incendie-Sauvetage) iwwerreecht an huet domat elo offiziell d’Funktioun vum Equipier INCSA.
De Grég huet säi COM II (Commandement II) Diplom entgéintgeholl a dierf vun elo un als Sektiounschef op d'Asätz fueren.
De Jängi an d’Jil goufen iwwerdeems als Chef CIS respektiv Instrukteur SAP (Secours à personne) op dës Diplomiwwerreechung invitéiert. A waren deemno als Ënnerstetzung fir d'Mina an de Grég dobäi.
Mir felicitéieren eise Laureaten häerzlech fir hir erfollegräich ofgeschloss Formatiounen👏
10/04/2026
✨Éischt-Hëllefs-Cours den 09.05 & 10.05 zu Angelduerf✨
🤔Weess du, wat ze maachen ass, wann eng Persoun bewosstlos gëtt? Oder wann een sech verletzt?
👉 Mell dech elo un fir eisen Éischt-Hëllefs-Cours zu Angelduerf den 09.05 an 10.05.26!
Gehaalen - ënnert annerem - vun engem vun eise Memberen👩🚒
✅ Léier wéi een séier hëlleft am Noutfall
✅ Kriss einfach Tipps fir den Alldag
✅ Gëss méi sécher a roueg an ongewinnten Situatiounen
✅ Gëeegent fir all Alter & keen Virwëssen néideg
💡 Eng kleng Handlung kann en grousse Ënnerscheed maachen!
📅 09.05 & 10.05.26 zu Angelduerf am Pompjeesbau
👉 Mell dech un a léier eppes fir d'Liewen!
https://share.google/ScK3Tn0tNCUIV23dS