LHCE

LHCE

Partager

Lycée Hubert Clément d'Esch/Alzette (Luxembourg)
Enseignement secondaire

Sur cette page, vous serez informés de toutes les activités et manifestations qui se déroulent au LHCE.

Photos from LHCE's post 19/06/2026

Eis jonk Equipe huet beim 4 géint 4 Beachvolleyball fir net lizenzéiert Spiller eng 8ten Plaz gemaach.

Photos from LHCE's post 18/06/2026

Mir sinn houfreg op eis 99 Élèves méritants, déi mir am Kader vun enger klenger Feier geéiert hunn.
Mir gratuléieren hinnen fir hir excellent Leeschtungen!

18/06/2026

⚽️WM Match Owend #2 am Jugendtreff steet un ⚽️ - Argentinien 🆚 Eisträich 🔥
Mir freeën eis op Iech! 🙌🏆

18/06/2026
16/06/2026

Den 15ten Juni hu mir zesummen den éischten WM Match gekuckt. Bei Popcorn a gudder Stëmmung hu ronn 20 Schüler de Match zesummen verfollegt an ugeféiert 🎉
Merci un all déi dobäi waren – freeën eis schonn op déi nächst Matcher 🙌
@LHCE "

Photos from LHCE's post 15/06/2026

Dësen Weekend, 13ten an 14ten Juni war dann den 2e Groupe vu Schüler um Stau vun eiser Option plongée.
Mir freeën eis dat 8 weider Schüler hire P1 gepackt hunn a gratuléieren dem:
Gil Schmit
Philippe Bruch
Liz Dazzan
Felix Klosen
Oscar Weidert
Elyian Peiffer
Nils Muller
Elisabeth Knecht

15/06/2026

Um Mountainbikechampionnat vun der Lasel ass d’Laure Bignoli, no enger spannender Course, knapp dat 2t Meedchen bei den Non-affiliés gin.

11/06/2026

Mëttwochs, den 8. Juli organiséiert de Lycée eng Sortie Scolaire an de . Hei gi mir déi interaktiv Ausstellung „Et Leeft" iwwert d'Menstruatioun kucken. Mam Planning Familial maache mer e Workshop wou dir Erfarungen zum Thema kënnt austauschen.
Wann s du interesséiert bass, kanns du dech bis de 26. Juni am Jugendtreff oder iwwert de QR Code um Plakat aschreiwen.

Photos from LHCE's post 09/06/2026

Dësen Weekend waren eng Rei Schüler vun der 2e an der 3e Optioun Tauchen um Stau bei der Base Nautique zu Leltz fir déi eicht Dauchgäng am fréien Waasser ze maachen.
Wärend dem leschten Dauchgang Sonndes hu si dann hiren Ofschloss Exame gemaach an och all gepackt. Esou dat mir elo 7 nei P1 Taucher am Lycée hunn.
Mir felicitéieren dem:
Tom Monteiro
Bryan Costa
Maud Allar
Thomas Bourson
Aymeric Taubert
Alessandro Voicu
Lynn Feyereisen
Nächst Woch sinn dann déi vun 1ère an de Recht vun der 3e dru fir hiren Brevet ofzeschléissen.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Esch-sur-Alzette ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


2 Rue Général Patton
Esch-sur-Alzette
4277