23/06/2026
🇱🇺De MIFA wënscht jidrengem e schéinen Nationalfeierdag 2026!🇱🇺
Offiziellen Account vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil
Dëse Site gëtt geréiert vum Familljeministère a soll d'Bierger iwwer seng Aarbecht informéieren. De Familljeministère garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De Familljeministère kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Familljeministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun Informatiounen d
23/06/2026
🇱🇺De MIFA wënscht jidrengem e schéinen Nationalfeierdag 2026!🇱🇺
17/06/2026
Hannert all Medaille stécht eng Geschicht vum Engagement, vum Asaz a vun der Solidaritéit 🤝
D’Mataarbechter déi vu mir ausgezeechent goufe setzen sech zanter Joren fir déi Schwächst an eiser Gesellschaft an a maachen domat all Dag en Ënnerscheed 💪 dat am Familljeministère sou wei bei engem vun eise ville Partner am soziale Secteur🙏
Fir dëse wäertvolle Bäitrag an eiser Gesellschaft ze honoréieren, war et mir eng grouss Éier hinnen am Numm vum Grand-Duc eng Medaille kënnen z’iwwerreechen🎖️
APEMH | CEFIS | Elisabeth Senior | CNDS | Croix-Rouge luxembourgeoise | Fondation Kräizbierg | Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung | HUT - Hëllef um Terrain | Office national de l’accueil | Office national d’inclusion sociale | Parc Merveilleux | SERVIOR | Tricentenaire | Yolande Coop, groupe elisabeth | Zukunftskees
17/06/2026
🔵 Tous acteurs d’une société accessible !
L’accessibilité est un droit fondamental. Et chacun peut agir.
Le ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, le ministère des Affaires intérieures et Info-Handicap vous invitent à une série d’événements dédiés à l’accessibilité pour tous.
📅 4 dates à travers le pays :
👉 25 juin – Esch-sur-Alzette
👉 29 juin – Marnach
👉 30 juin – Walferdange
👉 1er juillet – Grevenmacher
🕓 De 16h00 à 20h00
💬 Au programme :
Présentations
Bonnes pratiques
Échanges autour de thèmes clés : lieux ouverts au public, emploi, tourisme, communication accessible…
📚 Focus sur les lois clés en matière d’accessibilité
🎓 Certificat de participation possible
♿ Services d’accessibilité prévus
Présentation en luxembourgeois avec traduction simultanée en français et en allemand.
👉 Plus de détails et inscription : iha.lu/tasa
17/06/2026
❌Rassismus huet keng Plaz an eiser Gesellschaft - weder zu Lëtzebuerg 🇱🇺 nach an der Europäescher Unioun 🇪🇺.
Am Fokus vum Austausch tëscht dem Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice fir de Kampf géint de Rassismus vun der Europäescher Kommissioun, der Madamm Michaela Moua, stoungen den éischten Nationalen Aktiounsplang géint de Rassismus zu Lëtzebuerg 📄, grad ewéi déi Europäesch Strategie an deem Beräich 🌍.
Nieft Sensibiliséierungsaktiounen 📢, goung et besonnesch ëm Mesurë fir d‘Affer méi geziilt z’ënnerstëtzen🤝
29/05/2026
Inklusioun fänkt mat engem DUO un 🤝
D'Inklusioun um Aarbechtsmaart ze fërdere stoung och dëst Joer nees am Mëttelpunkt vum DUOday bei der ADEM - Agence pour le développement de l'emploi.
Ronn 200 Kandidaten hate sech gemellt, fir sech bei 20 Aarbechtsgeber virzestellen. Och de Familljeminister Max Hahn an den Aarbechtsminister Marc Spautz waren dobäi a konnten sech mat de Kandidaten austauschen an een Duo fir een Dag fannen.
Ob Persoune mat enger Beanträchtegung oder am reclassement professionnel – d’Kompetenzen an d’Talenter vun de Kandidate stoungen am Fokus. En Dag ganz am Zeeche vun der Inklusioun, dem Austausch an neie Perspektiven.
Bleift gespaant: Geschwënn stelle mir iech den Duo vum Familljeminister Max Hahn vir. 👀🔜
28/05/2026
De Familljeminister Max Hahn huet zesumme mam GERO-Kompetenzzenter fir den Alter an der Police Luxembourg de Participante vun dëser wichteger Formatioun hiren Zertifikat iwwerreecht.
Duerch dës Initiativ ginn eeler Leit forméiert, fir aner Senioren iwwer all méiglech Froen ronderëm d’Sécherheet ze sensibiliséieren, vum Schutz virun Abriecher bis bei d‘Preventioun vun Arnaquen.
D’Zil ass et, den eelere Mënschen hiert Sécherheetsgefill ze stäerken, hir Eegenverantwortung ze fërderen an z’evitéieren, dass verschiddener sech aus Angscht aus dem gesellschaftleche Liewen zeréckzéien.
👏 E grousse Merci un all déi engagéiert Participanten.
19/05/2026
🎉 Felicitatioun un Gemeng Dippech , déi gëschter mam Familljeminister Max Hahn de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen🖊️huet, an un Ville de Differdange a Gemeng Käl , fir d’Iwwerreechung vun hirem Biergerguide.🤝
👉 Domat engagéieren dës Gemengen sech verstäerkt fir den Zougang zu Informatiounen an d’Bedeelegung vun alle Persounen, déi an der Gemeng liewen oder schaffen, wéi och fir d’Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminatioun.
🔗 Méi Informatiounen op www.gemengen.zesummeliewen.lu
18/05/2026
📢 De Familljeministère sicht iech!
🇱🇺 Dir iwwerhuelt gäre Verantwortung a sicht no enger neier Erausfuerderung mat engem reelle gesellschaftlechen a sozialen Impakt?
Dann mellt iech bis den 🗓️ 26/05/2026 fir de Poste vum “Directeur de l’Office national de l’accueil” iwwert follgende Link 👉 https://gd.lu/3ZX4b1
🇫🇷 Vous avez envie de relever un défi à fort impact humain et sociétal ?
Postulez dès maintenant et jusqu’au 🗓️ 26/05/2026 au poste de Directeur de l’Office national de l’accueil via le lien suivant 👉 https://gd.lu/3ZX4b1
| Lundi | 08:00 - 17:00 |
| Mardi | 08:00 - 17:00 |
| Mercredi | 08:00 - 17:00 |
| Jeudi | 08:00 - 17:00 |
| Vendredi | 09:00 - 17:00 |
| Samedi | 09:00 - 17:00 |
| Dimanche | 09:00 - 17:00 |