Piraten Lëtzebuerg

Piraten Lëtzebuerg

Partager

Mir setzen eis fir jidderee vun der Gesellschaft an, net nëmme fir déi, déi et sech leeschte kënnen. #SozialLiberal heescht zesummen amplaz géinteneen.

D'Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen. Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d'Piraten och fir d

18/06/2026

⛽🌍 Keen zu Lëtzebuerg ass Schold drun, datt d'USA an den Iran am Konflikt sinn.
💶Trotzdem kréien d'Leit hei d'Rechnung presentéiert: méi héich Energiepräisser, manner Kafkraaft a méi Onsécherheet am Alldag an um Aarbechtsmarché.
🤝 Wann international Krisen eis Bierger treffen, da muss de Staat handelen an d'Leit ënnerstëtzen.
⚓💜 Déi decidéiert Moossname an der Tripartite sinn ee wichtege Schrëtt, fir d'Kafkraaft ze schützen an d'Konsequenze vun enger Kris ofzefiederen. D'Tripartite huet grad d'Roll, grad a Krisenzäiten gemeinsam Léisungen ze fannen.

17/06/2026

D’Maison du Grand-Duc gëtt nei organiséiert. 🇱🇺🇱🇺🇱🇺

Méi kloer Strukturen, méi Transparenz an eng besser Trennung tëscht dem Berufflechen an dem Privaten um Haff sinn e richtege Schrëtt.

Mir Pirate stinn hei kloer zum Grand-Duc an zur konstitutioneller Roll, déi hien an eisem Staat huet.

Fir eis ass wichteg: eng modern Monarchie brauch kloer Reegelen, eng transparent Verwaltung an eng gutt Kontroll duerch d’Chamber. Esou gëtt Vertrauen gestäerkt an d’Institutioune bleiwen no bei de Bierger.

Mir begréissen dofir all Schrëtt, deen d’Organisatioun vum Haff méi kloer, méi professionell a méi novollzéibar mécht.

Mir Pirate sti kloer zum Grand-Duc. 🇱🇺🏴‍☠️

16/06/2026

Blutt spenden ass e wichtegen Déngscht fir eis Gesellschaft. 🩸❤️
Wann e puer Stonnen am Mount kënnen hëllefen, Liewen ze retten, da soll dat net un Ausrieden oder parteipolitesche Reflexer scheiteren. Solidaritéit ass eppes, vun deem mir all profitéieren, Patronen, Salariéen an Patienten. 🤝
Gutt Iddie sollen net no deem, wien se proposéiert huet beurteelt ginn!

14/06/2026

Mir wënschen all de Mammen e schéine Mammendag. 🎉💜

13/06/2026

De Marc Goergen an de Chris Bernard ware bei der fräier politescher Tribün beim RTL fir iwwert déi aktuell finanziell Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg ze schwätzen, lauschtert eran 👇👇👇

12/06/2026

De Raymond Remakel war bei der fräier politescher Tribün beim RTL fir iwwert déi aktuell Tripartite zu Lëtzebuerg ze schwätzen, lauschtert eran 👇👇👇

11/06/2026

Zesummenhalt heescht och Verantwortung géintiwwer den nächste Generatiounen. 📊👨‍👩‍👧‍👦
Wann nei Ausgaben annoncéiert ginn, da muss och kloer gesot ginn, wéi se finanzéiert ginn a wat dat bis 2035 fir eis Scholde bedeit.
Mir brauchen Transparenz: Wat bezuele mir haut a wat bezuelen eis Kanner muer? 💶⚠️

09/06/2026

⚖️ Wa mol net d’Polizisten méi un d'Strofverfollegung gleewen, wéi soll d’Gesellschaft dann nach Vertrauen an d’Justiz hunn?
D'Gesetzer musse respektéiert ginn. E Rechtsstaat funktionéiert nëmmen, wann d’Leit d’Gefill hunn, datt Reegelen fir jidderee gëllen!
Wann d’Vertrauen an d’Justiz verluer geet, ass dat eng Gefor fir eis ganz Gesellschaft!
⚓ D’Politik muss endlech handelen, fir datt eis Justiz funktionéiert !

04/06/2026

✈️Eng direkt Fluchverbindung mat Kanada wier eng Chance fir Lëtzebuerg.
Eng gutt Verbindung mat Kanada erhéicht d’Konnektivitéit, stäerkt den Tourismus, d’Handelspartnere a mécht eisen Flughafen méi attraktiv.

02/06/2026

25 Joer Iwwergangsperiod? 🤨⏳
Dat ass keng Reform, dat ass e Verspriechen. An esou Verspriechen iwwerliewen hei am Land dacks net emol ee Regierungswiessel...
Mir Piraten fuerderen dofir endlech en integréierte Finanzplang mat kloren Zuelen an enger realistesch Strategie! 📊

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Kopstal ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


1a, Route De
Kopstal
8184