18/06/2026
Wonschkutsch asbl
asbl fir den Transport vun kranken Leit mat liewenslimitéierter Erwaardung en Wonsch ze erfëllen a fir den Transport an medezinesch Betreiung ze suergen.
18/06/2026
17/06/2026
Enger gudder Frëndin erzeelt een jo alles🤗, och sein gréisste Wonsch🙏.
,,Ech géif sougär eemol op Cadzand un de Strand.,,
🏖🦐🦞🐚🪼
Déi gut Frëndin, d'Gitta, daat och Kutscher bei eis ass, hot de Wonsch un eist Organisatiounsteam weidergin.
Et gouf geplangt an Hotel rausgesicht an gebucht fir dass alles gut soll klappen.☎️💻🖱
An déi lest Woch war et souwäit....
Cadzand mir kommen....🚙
D'Mme B. ass an hieren jonke Joeren vill duerch d'Welt getrampt an hot vill schéines an manner schéines erliewt an gesin. Sie hot geléiert sech am Liewen duerch ze ,,klappen,, an op eegene Féiss ze stoen.
Bis....jo, bis sie hieren Mann kennegeléiert hot, an zesummen mat him "sesshaft" gouf am Éisleck.
Et ass awer net ëmmer alles sou gelaf wéi gewënscht. Epuer ganz haart Schicksalsschléi hun d'B. och mol aus der Bunn gehäit..., hiere Bébé ass mat 9 Méint net méi aus dem Schlof erwächt, sie huet hiere Mann vill ze fréi missten lass lossen, an wéi sie gedöcht hot, rem Buedem ënnert hieren an hierer Duechter sengen Féiss ze hun, koum d'Diagnos Kriibs. Eng schwéier Operatioun, an vill an stark Therapien huet sie vill Kraft kast.
Wéi all déi Kéieren virdrun huet sie gekämpft,mat aller Kraft, an ëmmer un hierer Säit war hier Duechter❤️. An rem eng kéier ass sie opgestan.💪💪 🙏
Eng stark Fra krut hieren ❤️Wonsch erfëllt🙏.
E Méindig hunn eis Kutscher, Gitta an Léa, d'Mme zu Mertzig ofgeholl. Sie stong schon prett mat der Valise hannert der Dier ze warden.👜🎒
Ganz häerzlich an voller Virfreed huet sie eis Kutscher empfang.🫂
Lo kann et lass goen...d'Valise ass verstaut an eise Fuergaascht bequem an der "Kutsch" instaléiert.
E lange Wee, mat Pausen, gouf an Ugrëff geholl.🚙
Zu Cadzand ukomm, sen d'Valisen op Zëmmer bröcht gin, an op Wonsch vun der Mme B., ass et direkt een klengen Tour bei d'Mier gang. De Wand an eng Reenschauer hun dem Ausflug séier een Enn gemach🌬️🌧️.
Moies nom Kaffi☕️🥐🍞🥚🍳, ass et deen aneren Dag, mat Sonn☀️ endlich op de Strand an bei d'Mier gang... wou och epuer schéin Muschelen opgeraf goufen. An weider duercht Dünen ass et an Richtung Bootshafen gang.🚤🚤
Beim Hotel rëm ukomm
hun sie sech mol op der Terasse een gudde Käffchen, en Cappucino☕️, vergonnt an bessi gerast.
Fir den Nomëttig war den Zieluert "SLUIS''.
Een Tierchen duercht Aalstad hot eisem Fuergaascht gut gefall. Op enger léiwer Terasse hun déi 3 sech et gut goen gelos bei engem...wéi kann et anicht sen?🤗🤪...Cappucino☕.
Eng dëck schwarz Wollick konnt et net lossen, an hot sech eidel gemach begleed vun Blëtz an Donner, an natiirlich de Kolleg Wand hot sein Pefferkär misste bäileeën.⛈️🌬️
Flucht war ugesod....an séier ënnerdach bis et riwer war🫣🤭.
Um Rëckwee ass vill gekikkelt an gelaacht gin.😂😂
E Mëttwoch war Brugge um Program,
direkt nom Frühstück.🥐🍞🥖🧀🍳☕
GsD., hot d'Sonn sech (ouni ⛈️🌬️), vun hierer bester Säid gewisen.☀️☀️
Et war eng, deelweis stuckelig Fahrt fir d'Mme am Rollstull🤭. Ween Brugge kennt, wees dass do vill Paweestäng verschaft goufen...😁.
Bevir et weidergang ass musst alt rem eng Terasse dru gleewen an, wéi kann et anicht sen? een C....ino☕😂
Fir de Nomëttig war Nieuwport ugesod,(laut dem Léa eng schéin propper Digue)...naja....🥴Wéi op der Autobunn... een Chantier nom aneren🚧.(d'Léa war well lang net méi do😉😝)
An Sand schëngen se och zevill ze hunn...déi 3 hunn ausgesin wéi Sandmännercher.🤭😁
Engt steht fest, den Kolleg🌬️kann bleiwen wou en ass, deen ged net mat heem geholl. Basta!!!
Den Ofschloss vum Tour...wéi ëmmer😂 eng Terasse an een C.......☕.
Des Kéier awer mat engem gudden Pangkisch🥞 mat Schokela🍫 oder klassich, mat brongem Zocker🧂😋😋😋
Den aneren Moien war "Schluss mit Lustig"😌...
Valise packen, Kaffi drënken, an e lesten Blëck op d'Mier🌊.
Lëtzebuerg, mir kommen rem heem🤗💚
Merci Mme B. fir Äert Vertrauen🙏, Äer Oppenheet mat eise Kutscher💚 an déi schéin Deeg.
Mir wënschen Eech vill Courage fir d'Zukunft an ärem neien Doheem zu Mertzig.❤️💚🍀
Eist Kätti🐭, an eis ganz Équipe💚, wënscht all de Mammen en schéinen a gesonden Mammendag.
Lost eech gut verwinnen haut ❤️💐🎁🎊🎉.
💚💚💚
13/06/2026
Dir fand haut, och d'Wonschkutsch mat engem Stand zu Diddeleng.
Eis Bénévolen freeën sech op äre Besuch❤️💚
10/06/2026
Eemol mat der Duechter an den Flair an d'Embiance, vum d'Disneyland antauchen, an mat Mickey Mouse, Daisy Duck, Minnie Mouse, Donald Duck asw., zu Owend essen....
Een ganz aussergewéinlich Wonsch vun enger Dame aus dem Süde vum Land.🤗
Seid iwer 10 Joer leid eise Fuergaascht un enger ,,maladie rare,,. Duerch des Krankheet ass d'Mme motorisch ageschränkt an ass op de Rollstull ugewisen.
Wéi wann daat net schlëmm genuch wier, ass virun 2 Joer och nach Diagnos ,,Kriibs,, derbäi komm, déi dann och nach vill Therapien mat sech bruecht hot an vill Energie vrelangt hot.🫣😮💨
Sie ass eng ganz stark Fra an Mamm, an wollt deen grousse Wonsch, fir hier Duechter an sech selwer, net opgin. Sie huet eemol engem Uspriechpartner bei ALAN, ASSOCIATION DES MALADIES RARE, dovun erzeelt, an doropshin hot déi Persoun sech bei eis, der Wonschkutsch, gemeld an deen Wonsch geäussert.🙏
Ech kann eech soen... bei eis hun Käpp🤯, Tastaturen, ⌨️Computer💻 an Telefonen☎️ gedämpt fir dëse Wonsch ze erfëllen.🙏🍀
Dunn koum eng net sou gut Noricht, an et hot geheescht...,,mir mussen annuléieren🙈🥺😟...ooohneen!!!!😳😢.... awer, GsD.🙏, epuer Deeg drop rem gringt Liicht...🚦et kann weider geplangt gin🙏💚.
Endlich, am Mai war et dann souwäit... Pareis mir kommen.🚙
Et war een verreente🌧️ Moien, wou eis Kutscher, Monique an Frenz, eise Fuergaascht an hier Duechter ofgeholl hun, fir deen groussen 💓Wonsch ëmzesetzen💚.
D'Weeder ass ëmmer besser gin, an zu Pareis ukomm hot d'Sonn☀️ sech dann och gemeld fir net ze verpassen wéi aus engem Wonsch, Réalitéit ged.🙏🤗
Fir Mamm an Duechter geht een Wonsch...neen, een Draam an Erfëllung.🙏😍
2Deeg am Park tëschend all deenen riisigen Atraktiounen, Show's, an virun allem, iwerall konnt een Walt Disney-Figuren begéinen an upaaken😍👸🤴🧞♀️🧜♀️🧚♀️.
Den Highlight, fir eise Fuergaascht, war awer een Owesiessen, an engem bekannten Restaurant am Park🍽️. An et hot geklappt🙏👏😍...
Mickey Mouse, Daisy Duck,MinnieMouse, Donald Duck, Arielle, Cinderella asw.... waren mat derbäi.😍💓
Daat Strahlen an Tréinen, vun Freed an den Aen 🤩🥹vun der Mme an hierer Duechter hun bewisen wéi glëcklich sie waren.💓
Nach een Dag am Disneyland wou och fir d'Duechter vill Spass um Program stong ass zu Enn gang. D'Mme war midd, an dofir hun sie sech all zrëck gezun am Hotel, fir sech ze raschten an bestëmmt gut geschlof hun.😴😴🫠
Den anere Moien hun déi 4 sech um Kaffisdësch gestärkt, fir sech op den Heewee ze machen.🚙
Mat villen schéinen Errënnerungen an Émotiounen wärten Mamm an Duechter nach lang un dës puer Deeg zrëckdenken😍💓💚
Villmols Merci Mme, dass mir beim "Abenteuer" mat eech 2 duerften derbäi sen.
Mir wënschen eech 2 vill Courage an Kraft fir äer Zukunft🙏🍀💪.
E grousse Merci geht och un ALAN fir déi gut Zesummenarbicht🙏💚.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Contacter l'entreprise
Téléphone
Site Web
Adresse
55, Rue Principale
Lintgen
7450
