GovJobs

GovJobs

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de GovJobs, Site web gouvernemental, 10, Rue J. F. Kennedy, Luxembourg.

🇱🇺 GovJobs.lu proposéiert Iech all nëtzlech Informatiounen zu de Beruffer an dem Rekrutement an der Fonction publique.
🇫🇷 GovJobs.lu vous propose toutes les informations utiles sur les métiers et le recrutement dans la Fonction publique.

20/06/2026

🇱🇺🌍 Op dësem Weltflüchtlingsdag presentéiere mir Iech den Tasso a seng Aarbecht beim ONA, dem Nationale Büro fir Opnam.
Am Alldag begleet hien zesumme mat senger Ekipp Persounen, déi internationale Schutz ufroen. Dobäi probéieren si d’Adaptatioun un all eenzele Fall an Aklang mam gesetzleche Kader ze bréngen.
🔎 Entdeckt säi Beruffswee, säin Alldag an d'Erausfuerderunge vu senger Missioun – https://utm.guru/DUnCK

Photos from GovJobs's post 19/06/2026

🧠 Alexandre, klinesche Psycholog am Service psychosocial vun der Fonction publique
🗣Marina, Logopädin am Centre de Logopédie
Zwee verschidde Beruffer am Beräich vun der Fleeg an der Begleedung mat zwou ënnerschiddleche Welten, awer am Alldag verbonnen duerch eng Gemeinsamkeet: hir Upassungsfäegkeet. Upassung un all eenzel Persoun, all Sprooch an all Situatioun.
Op mat Agenten am ëffentlechen Déngscht oder mat klenge Kanner, déi individuell Upassung steet am Mëttelpunkt vun hirer Aarbecht.
👀 Entdeckt dem Alexandre a Marina hiren Austausch an eisem Artikel: https://utm.guru/Mz0kw

17/06/2026

💡 Schonn Ufanks der Karriär an der Fonction publique Responsabilitéiten z‘iwwerhuelen ass méiglech.
Bei der Finanzinspektioun (IGF) gouf de Noah scho fréi a Missiounen agebonnen, déi en Impakt op ëffentlech Entscheedungen hunn.
Schonn an den éischte Beruffsjore konkret zu strategeschen Decisioune bäidroen, ass och ee méigleche Parcours am ëffentlechen Déngscht.
📌 Entdeckt den Temoignage vum Noah: https://utm.guru/sPGZP

16/06/2026

🇱🇺 📐 FOCUS | Kadaster
🗺 Eng Ausbildung als Geometer ze maache bedeit Kompetenzen z‘entwéckele fir eist Ëmfeld unhand vun Donnéeën duerzestellen.
Entdeckt wéi verschidde Parcoursen, vum Master am Vermiessungswiesen bis hin zum Studium an der Geographie, de Wee zu enger Villfalt vu Beruffer opmaachen.
Wéi eng Ausbildung brauch een, fir Geometer ze ginn? Entdeckt dem Danielle an dem Christophe hiren Temoignage an dëser zweeter Capsule.

Photos from GovJobs's post 15/06/2026

POV: du schaffs fir d'Mark GovJobs 👀
Hannert all Offer, hannert all Post deen Dir op Ärem Feed gesitt, hannert all Recrutementsfoire, steet eng Ekipp.
Am Alldag heescht dat Content kreéieren, Job-Offere publizéieren, Fotoshootingen organiséieren an nach villes méi, mat engem kloren Zil: déi richteg Profiller mat deene richtege Posten zesummenzebréngen, an dobäi de Grand public z‘informéieren.
Well d’Fonction publique, dat si Persounen. An hannert GovJobs steet eng Ekipp déi si an de Mëttelpunkt stellt.

Photos from GovJobs's post 12/06/2026

🇱🇺🤔 – Wousst Dir schonn?
Wéi gesäit d’Fonction publique haut aus?

📊 Am Joer 2025 goufen et 38 912 Agenten, dorënner 53,3% Fraen a 46,7% Männer.

👥 Den Duerchschnëttsalter vun den Agente läit bei 41 Joer, wat d’Villfalt vun de Parcoursen an Erfarungen ënnersträicht.

🪧 Dës Zuele weisen, datt eng grouss Diversitéit u Profiller d’Fonction publique ausmaachen an sech all Dag an den Déngscht vun der Gesellschaft setzen.

👉 Wëllt Dir och Deel vum ëffentlechen Déngscht ginn? Fannt all eis aktuell Offeren op www.govjobs.lu

09/06/2026

🇱🇺🏛🌐 Am Kader vum internationalen Dag vun den Archiver, wëlle mir Iech déi engagéiert Experte virstellen, déi sech mat Häerz dofir asetzen, eis kollektiv Memoire ze sammelen, ze dokumentéieren an ze valoriséieren. Gläichzäiteg ënnerstëtzen si och d’Institutioune bei der Verwaltung vun hiren Archiver.

An de Lëtzebuerger Nationalarchive kombinéieren Archivisten, Conservateuren an Digitalisatiounsspezialisten hiert Fachwësse mat Innovatioun, fir esou eist Ierwen ze erhalen en eis Zukunft ze gestalten.

👉 Entdeckt déi verschidde Beruffer, déi et an den Nationalarchive gëtt : https://utm.guru/OOGd8

05/06/2026

🇱🇺🌍🌱 Haut op der "Journée mondiale de l’environnement" stelle mir de Beruff vum Michel, Chargé d’études bei der Unité Contrôles et inspections vun der Ëmweltverwaltung, vir.

Hie suergt dofir, datt d’Ëmweltgesetzer um Terrain agehale ginn, andeems hie Sitten an Aktivitéiten iwwerpréift, déi en Afloss op eis Ëmwelt kéinten hunn.

Säin Engagement spigelt dat vun allen Ekippe vun der Ëmweltverwaltung erëm, déi sech all Dag fir eng méi nohalteg Zukunft asetzen.

🔎 Entdeckt wéi sech de Michel am Alldag fir de Schutz vun eiser Ëmwelt asetzt - https://utm.guru/nORCT

Photos from GovJobs's post 02/06/2026

🇱🇺🔍 Rot de Beruff!
Konnt Dir de Beruff unhand vun den Indizien erausfannen?
👉 Entdeckt dem Jackie säi kompletten Temoignage op eisem Blog
https://utm.guru/nAiEE

Photos from GovJobs's post 28/05/2026

🇱🇺👥 Blind Date tëschent zwee Beruffer
🧠 Lucia, Psychologin-Psychotherapeutin a Responsabel fir Stressbewältegungsatelieren bei dem CCJF

💼 Jacques a Bob, Gestionnaires de projet bei der Trésorerie de l’État
Zwee Profiller, déi op den éischte Bléck ganz ënnerschiddlech sinn.

🤝 An awer verbënnt si an hirem Aarbechtsalldag eng Gemeinsamkeet: d’Nolauschteren.

Nolauschteren, fir Besoinen ze verstoen.
Nolauschteren, fir ze begleeden.
Nolauschteren, fir déi passend Léisungen ze fannen.

Egal ob bei der Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen oder am Projektmanagement, den Dialog an d’Begleedung vum Mënsch stinn am Mëttelpunkt vun hirem Beruff.

👀 Entdeckt hiren Austausch an eisem Artikel : https://utm.guru/Azbmx

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


10, Rue J. F. Kennedy
Luxembourg
1855

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00