Service national de la jeunesse

Service national de la jeunesse

Partager

Le champ d'action du Service national de la jeunesse est celui de l'éducation non formelle

Photos from Service national de la jeunesse's post 19/06/2026

Réckbléck op déi 3. Editioun vun eisem NaTOURerliefnisdag zu a ronderëm Huelmes.🌿🪻🌳
Bei beschtem Wieder ☀️ gouf et och dës Kéier nees vill ze entdecken, ze gesinn an auszeprobéieren.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun 🤩 a soe jidderengem Merci deen zu dëser gelongener Editioun bäigedroen huet. 👏

19/06/2026

🇱🇺 Du bass dir net sécher, wat däin nächste Schrëtt soll sinn? 🤔
Beim SNJ kriss du eng individuell Berodung, déi op deng Besoinen, Interessen an Ziler ofgestëmmt ass.
Zesumme kucke mir, wéi eng Méiglechkeeten fir dech a Fro kommen an definéieren déi nächst Schrëtt fir däi perséinleche, berufflechen oder schouleche Projet. Egal wou s du grad stees, mir begleeden dech op dengem Wee.
Looss eis zesummen däi Plang fir d'Zukunft definéieren. 🚀
👉 Méi Informatiounen op hey.snj.lu

🇫🇷 Tu ne sais pas encore quelle direction prendre ? 🤔
Au SNJ, tu bénéficies d’un accompagnement personnalisé, adapté à tes besoins, à tes intérêts et à tes objectifs.
Ensemble, nous examinons les possibilités qui s’offrent à toi et définissons les prochaines étapes de ton projet personnel, professionnel ou scolaire. Peu importe où tu en es aujourd’hui, nous t’accompagnons tout au long de ton parcours.
Définissons ensemble ton projet pour l’avenir. 🚀
👉 Plus d’informations sur hey.snj.lu

17/06/2026

🇱🇺 Du bass dir net sécher, wat däin nächste Schrëtt soll sinn? 🤔
Mam Service volontaire kanns du dech aktiv engagéieren, nei Erfarunge sammelen, Responsabilitéiten iwwerhuelen an deng Stäerkten entdecken. 💪🌱
Beim SNJ kriss du eng individuell Berodung. Zesumme kucke mir, wéi e Service volontaire dir hëllefe kann, dech perséinlech weiderzeentwéckelen, nei Kompetenzen opzebauen an Orientéierung fir deng Zukunft ze fannen
Looss eis zesummen däi Plang fir d'Zukunft definéieren. 🚀
👉 Méi Informatiounen op hey.snj.lu

🇫🇷 Tu ne sais pas encore quelle direction prendre ? 🤔
Grâce au service volontaire, tu peux t’engager activement, acquérir de nouvelles expériences, prendre des responsabilités et découvrir tes points forts. 💪🌱
Au SNJ, tu bénéficies d’un accompagnement personnalisé. Ensemble, nous explorons comment un service volontaire peut t’aider à te développer sur le plan personnel, à acquérir de nouvelles compétences et à trouver une orientation pour ton avenir.
Définissons ensemble ton projet pour l’avenir. 🚀
👉 Plus d’informations sur hey.snj.lu

Photos from Service national de la jeunesse's post 17/06/2026

Du hues tëschent 14 a 27 Joer a bass begeeschtert vu kreativen Challengen? Da maach mat beim Bookathon bei deem s du Bicher fir Kanner vun 0 bis 4 Joer kreéiers 📚

Mir sichen:
💡 Storyteller, déi sech flott Geschichten ausdenken a schreiwen
🎨 Illustratoren, déi dës Geschichten duerch hir Biller zum Liewen erwächen
💻 Grafikdesigner, déi d’Bicher gestalten

👉 Jee no Roll, déi s du iwwerhuele wëlls, schéck eis eng kuerz Kannergeschicht, 5 Illustratiounen oder en Design fir e Buchcover.

D’Umeldunge sinn op bis den 31. Juli 2026!

📅 Kick-Off Event: 24.10.2026

📅 Bookathon: 02.–04.11.2026

14/06/2026

🇱🇺 Du bass dir net sécher, wat däin nächste Schrëtt soll sinn? 🤔
E Schnupperstage kann dir hëllefen erauszefannen, wéi ee Beräich dech interesséiert a wat zu dir passt. 👀
Beim SNJ kriss du eng individuell Berodung. Zesumme kucke mir, wéi s du verschidde Beruffer a Secteuren entdecke kanns an déi richteg Erfarunge sammele kanns, fir däi Wee ze fannen.
Looss eis zesummen däi Plang fir d'Zukunft definéieren. 🚀
👉 Méi Informatiounen op hey.snj.lu

🇫🇷 Tu ne sais pas encore quelle direction prendre ? 🤔
Un stage de découverte peut t’aider à identifier les domaines qui t’intéressent et à trouver ce qui te convient. 👀
Au SNJ, tu bénéficies d’un accompagnement personnalisé. Ensemble, nous explorons les différentes possibilités pour découvrir des métiers et des secteurs d’activité, et acquérir les expériences qui t’aideront à trouver ta voie.
Définissons ensemble ton projet pour l’avenir. 🚀
👉 Plus d’informations sur hey.snj.lu

13/06/2026

Op enger Journée d’introduction gëss du gewuer wat et heescht Animateur spécialisé ze sinn. 🙌

Et ass däin éischte Schrëtt an eng grouss Aventure voller Spaass an Erausfuerderungen. 💡

Trau dech a gëff och du Animateur spécialisé beim SNJ! 👉 https://snj-erliewen.lu 🔗

10/06/2026

Bass du prett, dech ze iwwerwannen? 🙌
Mell dech elo un a gëff Animateur spécialisé beim SNJ 👉 https://snj-erliewen.lu 🔗

Photos from Service national de la jeunesse's post 08/06/2026

D’Nuit du Sport war nees e volle Succès! 🤩

Egal ob American Football, Squash, Pilates, Karate oder Stand-up-Paddle – bei der 17. Nuit du Sport war fir jiddereen eppes dobäi! 🏃‍♀️🤸‍🏈🏸

56 Gemengen an Organisateuren hu mat méi wéi 150 Aktivitéite fir eng Soirée gesuergt, déi ganz am Zeeche vu Sport, Entdeckung a Gesellegkeet stoung.

E grousse Merci un all d’Gemengen, Associatiounen, Veräiner, Jugendhaiser, Partner an un all déi, déi matgemaach hunn! 🙌

08/06/2026

🇱🇺 Du bass dir net sécher, wat däin nächste Schrëtt soll sinn?
Beim SNJ kriss du eng individuell Berodung. Zesumme kucke mir, wat zu dir passt: Service volontaire, Schnupperstage, zeréck an d'Schoul, eng Formatioun an nach vill méi!
Looss eis zesummen däi Plang fir d'Zukunft definéieren. 🚀
👉 Méi Informatiounen op hey.snj.lu

🇫🇷 Tu ne sais pas encore quelle direction prendre ? 🤔
Au SNJ, tu bénéficies d’un accompagnement personnalisé. Ensemble, nous explorons ce qui te correspond : service volontaire, stages de découverte, retour à l’école, formation et bien plus encore !
Définissons ensemble ton projet pour l’avenir. 🚀
👉 Plus d’informations sur hey.snj.lu

07/06/2026

📣 Den NaTOURerliefnisdag 2026 steet virun der Dier🌳🪻⛅️

Och dëst Joer kënnt dir iech nees op e gutt gefëllte Programm mat flotte Workshops a Statioune ronderëm Huelmes freeën. 🤩 Ënnert anerem erwaarden iech: am Weier dëmpelen 🚣‍♂️, Waasserrad bauen, Seel bannen oder Feier maachen🔥

Kommt also de 14. Juni op Huelmes fir e flotten Dag an der Natur. 🌲🌿🌾

🔗Weider Informatiounen op www.snj.lu/natour26

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


48-50 Rue Charles Martel
Luxembourg
2134

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00