MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Partager

Offizielle Kont vum MMTP Lëtzebuerg
Compte officiel du MMTP luxembourgeois
Ministre: Yuriko Backes

Dëse Site gëtt geréiert vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics (MMTP) a soll d'Bierger iwwer d'Aarbecht vum Ministère informéieren. De MMTP garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De Ministère kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Ministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch v

12/06/2026

Den MMTP a Ponts & Chaussées schaffen intensiv um Ausbau vun der A3, deen an e puer Etappen erfollege wäert. Zil ass et bis 2030 mam Ausbau bis op d’Grenz mat Frankräich fäerdeg ze sinn.
Mat der neier Foussgänger- a Vëlosbréck tëschent dem Echangeur Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz, déi elo säit Mee fir jiddereen op ass, gouf eng weider Etapp vum Ausbau vun der A3 erreecht. D’Passerell verbënnt op eng sécher Aart a Weis d'Ieweschtduerf vu Beetebuerg mat de Bëscher a Weeër ronderëm de Beetebuerger Park🌳🚶🏻‍♀️🚲

lu

Photos from MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics's post 11/06/2026

Haut an der Chamberkommissioun gouf d’Finanzéierungsgesetz fir den neie Campus zu Munneref presentéiert.

Den zukünftege Campus wäert modern Infrastrukture mat enger Gesamtkapazitéit fir 1.690 Schülerinnen a Schüler bidden:
➡️ eng Primärschoul
➡️ en europäeschen a lëtzebuergesche Secondaire
➡️ e Sportsinternat mat 83 Better

💰 Gesamtbudget: 210,6 Milliounen €

Gouvernement luxembourgeois Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg Yuriko Backes

Photos from MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics's post 09/06/2026

🇱🇺 De Ministère recrutéiert! Sidd Dir interesséiert un enger vun dëse Plazen? Da mellt iech als Fonctionnaire oder Employé(e) 👉
https://gd.lu/1rCWtb, https://gd.lu/4v53v5 bis den 🗓️19/06/26 respektiv 🗓️22/06/26

🇫🇷 Le ministère recrute ! Intéressé(e) par l’une de ces fonctions? Alors postulez comme Fonctionnaire ou Employé(e) 👉 https://gd.lu/1rCWtb, https://gd.lu/4v53v5 jusqu’au 🗓️19/06/26 respectivement 🗓️22/06/26

Photos from MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics's post 08/06/2026

🇪🇺 Haut um Conseil vun den EU-Transportministeren:

Um Agenda stoungen ënner anerem:
🍃 D’Decarbonisatioun vum Transport
⚡ D’Entwécklung vun der Energiesituatioun am Transportsecteur
✈️ Aktuell legislativ Propositiounen, dorënner d‘Reglement iwwer d’Rechter vu Fluchpassagéierinnen a -passagéieren.

Am Kader vun der Diskussioun iwwer d’Decarbonisatioun huet d’Ministesch Yuriko Backes betount, datt all Post-2030 Strategie ambitiéis Klimaziler mat enger Stäerkung vun der europäescher Kompetitivitéit an Aklang brénge muss. D’Zil ass et, e gudden Equiliber tëscht Klimaschutz a wirtschaftlecher Kompetitivitéit ze fannen.

Lëtzebuerg engagéiert sech weiderhi fir eng nohalteg, innovativ a koordinéiert europäesch Mobilitéit 👍🏼

Gouvernement luxembourgeois

Photos from MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics's post 08/06/2026

🚘🇪🇺 Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes en marge vum Conseil vun den EU-Transportministeren, zesumme mat 16 weidere Memberstaaten, d’Joint Declaration of Intent fir en europäescht grenziwwerschreidend Testfeld fir autonom Gefierer ënnerschriwwen ✍️

Am Mëttelpunkt vun der Initiativ stinn:
➡️ d’Harmoniséierung vun de Reegelen an de Prozeduren tëscht de Memberstaaten, fir grenziwwerschreidend Asätz ouni Ënnerbriechungen z’erméiglechen.
➡️ eng verstäerkt Kooperatioun an en enken Austausch tëscht den zoustännegen Autoritéiten, fir datt Sécherheet, Zouloossung a Monitoring op engem héijen Niveau konsequent ëmgesat ka ginn.

Dëst Testfeld soll dozou bäidroen, Europa als Virreider am Beräich vum automatiséierte Fueren ze positionéieren, d’Verkéierssécherheet weider ze verbesseren an nei wirtschaftlech Méiglechkeeten ze schafen.

🇬🇧 Today, in the margins of the Transport Council in Luxembourg, Yuriko Backes together with 16 Member States signed a Joint Declaration of Intent on large-scale cross-border testbeds for autonomous vehicles. The signing reflects a shared ambition to accelerate the harmonised deployment of autonomous vehicles across Europe in a safe, coordinated and competitive way for Europe’s industry✍️

Gouvernement luxembourgeois

Photos from MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics's post 08/06/2026

Am Virfeld vum Conseil vun den EU-Transportministeren, gouf haut eng Visitt vun der Ministesch Yuriko Backes mat hirem belschen Homolog Jean-Luc Crucke um Site vun Emile Weber organiséiert. Zesummen hunn si sech d’Aktivitéite vun Pony.ai ugekuckt, déi d’Autorisatioun kruten, fir wëssenschaftlech Testfaarte mat hiren autonomen Autoen ze maachen.
Nieft engem Austausch iwwer déi éischt Erfarungswäerter aus den Testfaarten, kruten d’Ministeren d’Gefierer presentéiert an haten och selwer d’Geleeënheet, bei enger Testfaart matzefueren 🚘

Gouvernement luxembourgeois

Photos from MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics's post 05/06/2026

D’Ministesch Yuriko Backes an de Ministère gratuléieren dem Benoit Omont aus dem Service Navigation Intérieure et Logistique häerzlech zu senger Qualifikatioun bei der Fecht-EM 2026 a wënschen him vill Erfolleg 🤺 👏🏼

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


4, Place De L'Europe
Luxembourg
1499