18/06/2026
📢 Um 1. SIGI Xperience Day hunn ech eis Prioritéite fir d‘Digitalisatioun an de Gemenge virgestallt.
„D'Digitaliséierung vun de Gemengen ass eis gemeinsam Aufgab. Zesumme kënne mir administrativ Prozesser vereinfachen, d'Cybersécherheet stäerken an eis Gemenge fit fir d'Zukunft maachen.“
👉 Zesumme schaffen. Digital verbonnen: Mat COSMOS vereinfache mir den Austausch tëscht Staat a Gemengen a maachen administrativ Prozedure méi effizient.
👉 Méi Resilient Gemengen duerch digital Innovatioun.
🤝 Den Inneministère ass de Partner vun de Gemengen.
SIGI - Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique
Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises
Ministère de la Digitalisation Luxembourg
Léon Gloden
09/06/2026
Haut huet d’Chamber gréng Luucht ginn fir d‘Ëmsetzung vum europäesche Migratiouns- an Asylpakt:
Mir sinn en europäescht Land, dat:
• seng europäesch Verantwortung iwwerhëlt,
• solidaresch ass,
• eng responsabel Asylpolitik mat Häerz a Verstand mécht.
Léon Gloden
Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg
06/06/2026
🏡 De PAP «Ënnert dem Pietert» zu Grevenmacher steet fir d’Wunnengspolitik vun der Zukunft.
106 nei Logementer fir ronn 250 Awunner - bezuelbar, nohalteg an integréiert an d’modern Gemengeplanung vu Maacher 👏.
🧾 Méi einfach Prozedure, fir méi a méi séier ze bauen!
🏫 Staark a resilient Gemengen!
✔️ Méi Liewensqualitéit fir d‘Biergerinnen an d‘Bierger.
🤝 Merci un d’Gemeng an all Partner fir dës Initiative.
➡️ E flotte Projet, deen elo Realitéit gëtt!
Gouvernement luxembourgeois | Ville de Grevenmacher | Léon Gloden
05/06/2026
🏘️ Mir felicitéieren dem Joël Weis als neie Schäffe vun der Gemeng Fiels. 🤝
Léon Gloden | Gouvernement luxembourgeois | Gemeng Fiels
05/06/2026
🏘️ Mir felicitéieren dem Patrick Calmus als neie Schäffe vun der Gemeng Leideleng. 🤝
Léon Gloden| Gouvernement luxembourgeois| Commune de Leudelange
03/06/2026
🇱🇺🤝🇪🇸 Um Virowend vum Conseil vun den EU-Inneminister hat ech eng bilateral Entrevue mat mengem spueneschen Homolog, dem Inneminister Fernando Grande-Marlaska zu de Sujeten:
🇪🇺 Schengen
🌍 Ëmsetzung vum EU-Migratiouns- an Asylpakt
🛂 Règlement Retour
🛡️ Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit
💬 D‘Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg a Spuenie soll weider verstäerkt ginn. Mir sinn eis eens, dass d’Grenzkontrollen am Schengenraum mussen ophalen. Nëmmen duerch eng gemeinsam europäesch Approche an eng verantwortungsvoll Migratiounspolitik kënne mir déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit meeschteren.
©️📷 SIP / Kary Barthelmey et Ministère des Affaires intérieures
lu | | Léon Gloden
***
🇱🇺🤝🇪🇸 I had a bilateral meeting with my Spanish counterpart, Interior Minister Fernando Grande-Marlaska, on the following topics:
🇪🇺 Schengen
🌍 Implementation of the EU Pact on Migration and Asylum
🛂 Return Regulation
🛡️ Fight against organised crime
💬 Cooperation between Luxembourg and Spain should be further strengthened. We agree that border controls within the Schengen area must come to an end. Only through a common European approach and a responsible migration policy can we successfully address the major challenges of our time.
01/06/2026
👑🚨🚔 De Grand-Duc op offizieller Visitt bei der Police.
📯📬 Bei dëser Visitt hu mir d'Policeschoul offiziell ëmbenannt an „École de Police Grand-Duc Guillaume“.
👮👮♂️ Dëst ass een Zeeche vun der enker Verbonnenheet tëscht der Lëtzebuerger Police an der groussherzoglecher Famill. Et éiert den dagdeeglechen Asaz vun eise Polizistinnen a Polizisten am Déngscht vun eiser Sécherheet.
🤝 E grousse Merci un all Member vun der Police fir hiren Engagement, hir Präsenz an hir wäertvoll Aarbecht – all Dag, zu all Ament.
Vive eise Grand-Duc !
Vive eis Police Grand-Ducale !
Gouvernement luxembourgeois | Cour Grand-Ducale | Police Luxembourg